8-10 Sept. 2017

Tickets im Vorverkauf 8€ Ticket Week-end 10€
Das Ticket ist das ganze Wochenende über gültig

CFG-FESTKOMITEE

Liebe Freunde des Weines und der Mosel!

Léif Frënn vu Musel a Wäin,

An dësen Deeg weist sech ons Musel vu senger flottster Säit. Dat 68. Drauwen a Wäifest steet virun der Dir. Den 8., 9. an 10. September dréint sech zu Grevenmacher alles em eise gudde Lëtzebuerger Wäin a Crémant.

Lass geet et freides owes mam Kréinungsowend am Centre culturel. De Comité des Fêtes huet keng Méi a Käschte gescheit fir erëm en ofwiesslungsräiche Show a Museksprogramm op d’Been ze stellen. D’Kréinung vun der neier Lëtzebuerger Wäikinnigin ass den Highlight vun dësem Owend.

No véier flotte Joer als Wäiprinzessin hunn ech d‘Éier, vu menger Virgängerin Aline zur 68. Lëtzebuerger Wäikinnigin gekréint ze ginn. Bei gudder Ambiance kënnt dir duerno nach bis an d’Nuecht era mat mir zesumme feieren.

Samschdes Mëttes geet et weider mat vill Animatioun a Musek op der Moartplatz. Iess – a Gedrénksstänn bidden de ganzen Dag eppes fir all Goût. No der Showbandparad mat uschléissendem Freedefeier loosse mer den Owend bei engem gudde Patt an de Gaasse vu Maacher auskléngen.

Um Sonndeg wäerten erëm dausende Leit de Wee op Grevenmacher fanne fir de folkloristesche Cortège mat senge schéin dekoréierte Ween a Museksgruppen ze kucken.

An mengem Joer als 68. Wainkinnigin wäert ech mat vill Asaz a Motivatioun de Lëtzebuerger Wäin a Crémant heiheem an am Ausland vertrieden. E grousse Merci gëllt eise Wënzer fir hir Aarbecht, an hir qualitativ héichwäerteg Wäiner.

Elo schonns wëll ech dem Comité des Fêtes, der Maacher Gemeen, de Sponsoren, de Veräiner an alle Leit Merci soen, déi zum gudde Gelénge vun eisem Fest bäidroen.

Ech hoffen Iech am September zu Grevenmacher begréissen ze dierfen a freeë mech fir mat Iech alleguerte bäi engem gudde Patt unzestoussen.

 

Prost op dat 68. Drauwen a Wäifest!

Prost op di 68. Wäikinnigin!

 

Jana Steinbach