7-9 Sept. 2018

Billet en prévente 8€ Ticket Week-end 10€
Le billet est valable pour l’ensemble du week-end

CFG - Comité des fêtes

Chers amis de la Moselle et du vin !

Leif Frënn vum Lëtzebuerger Wäin a Crémant,

Lo ass et erëm gläich esou wäit, an déi lescht Virbereedunge fir déi 69. Editioun vum Drauwen- an Wäifest zu Gréiwemaacher lafen op Héichtouren. D’Deeg vum 7. bis den 9. September sollten op Äre Kalennere fir dat Fest reservéiert bleiwen, well et versprécht nees eng Kéier ee Weekend voller Gesellegkeet, flotten Animatiounen an natierlech guddem Wäin a Crémant ze ginn. Fir Grouss a Kleng ass alles derbäi, a fir all Goût ass virgesuergt.

Den Optakt vun de Festlechkeete mécht natierlech, wéi all Joer, de feierleche Kréinungsowend vun der neier Lëtzebuerger Wäikinnigin, freides owes vun aacht Auer un am Centre Culturel zu Gréiwemaacher. Dëst Joer leet d’Jana Steinbach, no engem perfekt gemeeschterte Joer seng Kroun nidder, an iwwerdréit mir d´Éier, als 69. Lëtzebuerger Wäikinnigin eist Land am Beräich vum Wäin ze vertrieden, an et wäert mech duerfir offizielle kréinen. Dee ganzen Owend leeft e grousse Showprogramm mat vill Musek. No dem offiziellen Deel kënnt Dir mat Danzmusek bis an d’Nuecht era feieren.

Samschdes ass dann an der ganzer Muselmetropol Stëmmung, wéi et se nëmmen op der Musel gi kann. Bei deene sëlleche Verkaafsstänn an de Stroosse vu Gréiwemaacher gëtt fläisseg Wäin an Crémant geschmaacht. Et geet een natierlech och op de Schweinsmoart, fir déi schmasseg international Showband-Parade nëmmen net ze verpassen. Owes ass dann dat grousst Freedefeier un der Musel, dat wéi all Joer e puer spektakulär Momenter bidde wäert. Gläich duerno ass a ganz Gréiwemaacher richteg eppes lass, an Dir kënnt an der ganzer Stad nach bis an de Muergen era feieren mat Musek fir all Goût, Ambiance fir Jonk an Al an, net ze vergiessen, mat dem engen oder anere fruuchtege Miseler Pättchen.

Den Héichpunkt vum Fest fänkt dann traditionell sonndes nomëttes mat dem folkloristeschen Ëmzuch duerch Gréiwemaacher un. Iwwer 40 Ween, Museksgruppen a verschidde Veräiner marschéiere laanscht d’Musel an duerch d’Stad. Si alleguer droen hire ganz perséinlechen Deel zu dësem groussaartege Fest bäi. Hei gesitt Dir ee wonnerbaart Zesummespill vun alle Leit, déi matmaachen an nokucken, dat Ganzt an enger harmonescher Atmosphär, déi Dir Iech net entgoe loossen dierft. Selbstverständlech bitt sech och duerno nach d’Geleeënheet, op de ville Wäistänn de Wënzer hir vill apaart Produiten ze zelebréieren, an dëst Fest a gudder Gesellschaft gemittlech auskléngen ze loossen.

Mat menge véier Prinzessinnen Jessica, Lee, Zoe an Loredana un menger Säit, freeën ech mech immens, Iech alleguer op dat 69. Drauwen- a Wäifest anzelueden. Eise fläissege Comité des Fêtes huet sech esou munnech Saachen iwwerluecht, fir op en Neits ee flotte Weekend op d’Been ze stellen. Meng wonnerbar Prinzessinnen an och ech wäerten eis Aufgab mat vill Freed an Engagement meeschteren, genee wéi all ons Virgängerinnen.

Ech wëll awer elo scho villmools Merci soen, dem Comité des Fêtes, der technescher Kommissioun an och der Maacher Gemeng, die alleguer keng Méi, Käschten, Zäit an Aarbecht gescheit hunn, fir alt nees eng Kéier ee super Fest z’organiséieren. An och all de Sponsoren, Veräiner an deene ville Fräiwëllegen, déi zum Gelénge vum Maacher Drauwen- an Wäifest bäidroen, een décke Merci !

Awer mäi gréisste Respekt geet un all d’Miseler Wënzer, déi ee Joer wéi dat anert eng onbeschreiflech gutt Aarbecht leeschten, sou dat ech kann houfreg drop sinn, hir héichwäerteg Produiten am In- an am Ausland ze vertrieden. D’Resultater vun de Lëtzebuerger Wäiner a Crémanten op internationale Concourse schwätze fir sech !

Kommt alleguer op dat 69. Drauwen- an Wäifest zu Gréiwemaacher ! Mir freeën eis elo schonn drop, fir mat Iech ze prosten !

Sophie Schons