TRAUBEN- UND WEINFEST

Willkommen auf der Homepage des Festkomitees der Stadt Grevenmacher, unsere neue, offizielle Kommunikationsplattform.

Häerzlech Wëllkomm op der Internetsäit vum Comité des Fêtes vun der Stad Maacher!

D’Drauwen a Wäifest, dat vun der Equipe vum Comité des Fêtes all Joar den 2. Weekend am September organiséiert gëtt, ass am In- an am Ausland goud bekannt. D’Maacher Drauwen- a Wäifest ass ee wichtege Bestanddeel vun der Promotioun vum Lëtzeborger Muselwäin. De Comité des Fêtes scheit dofir keen Méi, fir déi dräi Deeg laang aus Gréiwemaacher een folkloristesch Héichborreg ze maachen.

D’Lëtzeborger Wäikinnigin ass d’Botschafterin vun iser Regioun, vun ise Wënzer an hiren exzellente Produiten. D’ganz Joar iwwer sinn d’Wäikinnigin an hir Prinzessinnen op iwwer 70 Manifestatiounen hei zu Lëtzeboreg an am Ausland ënnerwee.

Och is Wënzerschaft däerf net vergees ginn. Et ass jo nieft goude Wiederconditioune virun allem dem Fläiss an dem Know-how vun ise Wënzer ze verdanken, dass mir kënnen exzellente Miseler Wäin genéissen.

Dës Weidere wëll ech awer och d’Matschaffe vun de Maacher Veräiner bei der Organisatioun ervirhiewen, wat beweist, wéi wichteg d’Drauwen a Wäifest fir d’Veräinsliewen an der Stad Maacher ass.

Also léif Leit, verpasst op kee Fall deen traditionelle Rendezvous op der Musel a kommt all an d’Muselmetropol, fir mat der lëtzeborger Wäikinnigin ze prosten!

Carole CLEMENS,
Presidentin vum Comité des Fêtes